Gutt Nouvellen aus Italien!
D’Simona Mulazzani huet den italieneschen Andersen Award gewonnen!
Dat mécht eis immens frou an och e bëssen houfreg, well d’Simona Mulazzini krut dee Präis fir d’Illustratioun vum Buch “Storia di Goccia e Fiocco”, dat d’Christiane Kremer op Lëtzebuergesch iwwersat huet an dat 2015 bei Kremart Edition ënnert dem Titel “D’Geschicht vun der Faarfdrëps an der Schnéiflack” erauskomm ass an en immens flotten Echo hat – bei Groussen a bei Klengen, wat mir natierlech – fir bei der Flack ze bleiwen – super cool fonnt hunn.
D’Buch hate mer 2014 op der Frankfurter Buchmesse entdeckt – an du gouf et keen Zeréck méi. Déi richteg Decisioun also, wéi och de Präis beweist 🙂
An iwwer dee Präis hu sech net just den italienesche Verlag Editrice il Castoro vu Mailand a Kremart Edition aus der Stad gefreet, ma och a China, Taiwan, Däitschland, Kanada an an den USA ware se frou, well dohi sinn iwwerall Iwwersetzungsrechter verkaaft ginn.
“D’Geschicht vun der Faarfdrëps an der Schnéiflack” ass en “Dréibuch”, well een et vu béide Säite liese kann – déi eng Säit ass d’Story vun der Flack, op där anerer ass et déi vun der Drëps – an an der Mëtt … nee, dat gëtt elo net verroden!
Hei de Communiqué vum italienesche Verlag:
2016 ANDERSEN AWARD
“BEST ILLUSTRATOR” award goes to: SIMONA MULAZZANI
Dear all,
we are very proud to announce that the 35° Andersen award committee, the Italian main award for children’s literature, has elected Simona Mulazzani as “best illustrator” of the year.
Simona Mulazzani is a multitalented international author who has illustrated for us the magnificent Storia di Goccia e Fiocco (Story of an ink drop and a snow flake), a very special double-sided picture book, black from one side, white from the other side, written by Pierdomenico Baccalario and Alessandro Gatti. Here’s the jury’s motivation:”Simona Mulazzani has been since longtime one of the most sophisticated and unique voices in our illustration. The elegance of her style, smooth and limpid, is highly original and yet very recognizable. Her distinct work ethic allows her to face any sort of artistic commission with deep engagement and great care”
Many congratulations to Simona!
For more info :
www.andersen.it
http://www.morgangaynin.com/artists/mulazzani/
https://www.behance.net/azzannamuli
STORY OF AN INKDROP AND A SNOWFLAKE by Pierdomenico Baccalario and Alessandro Gatti, illustrated by Simona Mulazzani
Age: 0-99 // pp. 52 + 12 laser die-cut pages Format: 25×33 cm
Rights sold: China (Anhui Children) and Taiwan (Greenland) Luxembourg (Kremart) Germany (Bohem Press/Coppenrath) USA & Canada (Enchanted Lion)
International press review: Publishers Weekly, Kirkus review, Boston globe, New York Times