Liesung fir Kanner zu Lënster

Mierkt Iech de Samschdeg, 25. Juni vir: Um 10h30 gëtt dann an der Lënster Bibliothéik am Centre Culturel “am Duerf” (8, rue du Village) dat neiste Kannerbuch vu Kremart Edition virgestallt: Et ass en “Plooschterbuch”, dat eigentlech richteg heescht: “Blosen, tréischten, Plooschter drop“.

Ausserdeem gi gelies: “D’Buedwaassa-Monsta” an “Déi kleng Prinzessin: Ech wëll net an d’Bett!” No enger Paus kommen dann nach vläit Elmar-Geschichten a Lalumi-Geschichten drun. Et liesen d’Christiane Kremer an de Luc Marteling.

Den Entrée ass gratis an deen Dag ass virum Kulturzenter och Maart!

Liesung_Lënster_25JUN2016_1_low