“E Summer wéi eng Saang”

Mat engem Poufert fiert de Bigel vun der Béierfläsch. Den Doudegriewer hëlt zwou gehéiereg Schluppen a stellt déi ugebrache »Clausener« hannescht an de Kierfechtsbur. Deem säi Waasser ass äiskal a gëtt ni temperéiert, och wann d’Luucht driwwer vu Gloust ziddert. E Summer wéi eng Saang! 35 Grad géifen et de Mëtteg, hunn s’am Radio gesot. 30 sinn et der bestëmmt lo schonn ëm eelef Auer. Dat geet well zënter engem Mount sou. D’Blieder un de Beem gi brong. ’t héiert ee kee Vull méi.

Um Kierfecht ass ausser him kee Mënsch. Dat ass lo seng drëtt a leschte Fläsch, hie muss kucken, datt en d’Lach fäerdeg kritt, fir bei de »Greechen« op d’Gare ze kommen. An den décke Mauere vun der Wiertschaft ass et nach kill. D’Anji kann him eng Zoossissschmier maachen; doheem waart keen op hien, zënter datt säint duerch d’Bascht ass.

Sonnebrand hin oder hier, hie strëppt säi verschweesstent Hiem iwwer de Kapp, zitt et eng Kéier duerch de Bur, dréint et aus an hänkt et iwwer en Neelchesbam. Da’s an zwanzeg Minutten nees dréchen, bis dohin ass hie fäerdeg mam Lach. De Buedem vun de Griewer ass ënnerschiddlech, deen heiten ass glécklecherweis där schrooster keen. Allez, de Spuet an de Grapp a Schëppen Tromp! D’Kierchenauer pénkt en daierlecht Véirel op eelef, eng eenzel Dauf flitt aus den Truelje vum Tuerm.

Op den Auerschlag brécht den Doudegriewer Batty Flesch mam lénkse Fouss an. Wéigedoen huet hien sech net, mä en ass, wann een dat sou däerf soen, zu Doud erféiert. (…)

armagnac_cover

Esou fänkt dem Josy Braun säi posthume Krimi “Armagnac” un. Dee waarme Summer 1976, genannt Jorhonnert-Summer, ass d’Toile de fond, well am Fong geet et ëm ee Mord, dee scho méi laang zeréckläit an deen am Eisebunnstunnel tëscht Mäertert a Manternach geschitt ass …

7f6648e542e01d093d40de60fe0abfd0
Foto: Steve Müller

De Plot spillt sech gréisstendeels am Sirdall of – Mäertert, Manternach, Biwer, Wecker, awer och Maacher, Mënjecker, Bëlleg a Gonnereng … An de Fielse laanscht d’Sir kënnt eng Haaptroll zou!

IMG_4728
Tëscht Mäertert a Manternach, wou sech d’Sir, d’Bunn an d’Strooss duerch d’Dall, dat ëmmer méi enk gëtt, zéien … Foto: lm

Genee 40 Joer nom Jorhonnert-Summer, eng gutt Geleeënheet e mam “Armagnac” nach eemol ze erliewen …

armagnac_jbraun
De Josy Braun

 

Armagnac03
D’Josée Klincker, Fra vum Josy Braun