“Literatuerm”: Nei Prinzessin an neien Elmar

E Sonndeg, 25. September um 10.30 Auer gëtt et nees eng Lies-Matinée fir Kanner am spektakuläre Kader vum Aquatower zu Bäerdref (106A, rue de Consdorf): 50 Meter iwwerem Buedem kréien déi kleng Geschichte virgelies!

Um Programm stinn déi Kéier zwou Nouveautéiten: eng nei Geschicht vun der klenger Prinzessin, “Mir ass et schlecht!” (no “Ech wëll net an d’Bett!” ewell dat zweet Buch vum Tony Ross senger Knätzel op Lëtzebuergesch), an eng nei Story vum faarweg karéierten Elefant Elmar: “Den Elmar an d’Iwwerschwemmung” … déi zum Gléck manner dramatesch verleeft wéi déi rezent Iwwerschwemmungen hei am Land.

aquatower_september2016-copy
Foto vum Tuerm: Guy Berchem

 

Ausserdeem gi virgestallt: d’Plooschterbuch “Blosen, tréischten, Plooschter drop” an nach e puer aner Kannergeschichten aus dem Programm vum Verlag Kremart Edition. Dat hänkt e bësse vum Goût vun de Kanner of 😉

D’Plaze si begrenzt, dofir mellt Iech séier un: Entrée fir Tuerm a Liesung 5,50 Euro (Kaffi, Téi oder Jus an e Croissant abegraff). Umeldung via aquatower@berdorf.lu oder um Tel. 26 78 40 05.

600
Foto: Steve Müller
012
Cool Geschichten, cool Vue … Foto: Steve Müller