Liesowend zu Kielen: Mënschen, Matmënschen a Bezéiungen

Linda Graf, Laurence Klopp, Josiane Kartheiser a Jean Back:
Véier Auteure liesen am Kader vum Internationale Fraendag

“Gees de mat?”, freet d’Josiane Kartheiser a hirer Kuerzgeschicht mam nämmlechten Titel. Eng éiergäizeg Fra an en emanzipéierte Mann sichen eng Äntwert op d’Fro, ob d’Fra fir hir Bank zu Singapur Carrière maache soll … Ëm komplizéiert Bezéiunge geet et och am Linda Graf hirem Episoderoman “Die Tage, die Dinge”, an deem sämtlech Geschichten a Figuren op déi eng oder aner Manéier matenee verbonne sinn. D’Laurence Klopp stellt “La dame à la mise en plis mauve” vir a presentéiert dora geckeg Personnagen a verréckt Situatiounen – fantastesch Literatur par excellence, déi deemnächst eng Suite kritt! Fantastesch an engem ganz anere Sënn sinn och dem Jean Back seng Protagonisten an “Zalto mortale”, enger Sammlung vun dräi sproochgewaltege Monologen.

Déi véier Auteuren trieden de Freideg, 10. Mäerz um 20 Auer zu Kielen am Musekssall an der Rue du Centre op – am Kader vum internationale Fraendag.

D’Christiane Kremer féiert duerch de literareschen Owend a liest och selwer aus engem nach net verëffentlechte Manuskript; den Yves Popow begleet d’Liesunge musikalesch op der Marimba. Organisateur ass d’Chancëgläichheets- an d’Familljekommissioun vun der Gemeng Kielen zesumme mam Verlag Kremart Edition.

Den Entrée ass fräi, et ass awer méiglech, Plazen ze reservéieren (virum 7. Mäerz um Tel. 621-32 05 06 oder per Mail op egalite-chances@kehlen.lu). Fir z’iessen an ze drénken ass gesuergt.

Liesung-Kielen