Liesung zu Leideleng: 7 x Smart

De Cercle Culturel & Historique vu Leideleng a Kremart Edition invitéieren op d’Liesung „7 X Smart“ en Donneschden, 23. Mäerz um 19.30 Auer zu Leideleng am Kulturzenter „An der Eech“ am Sall Rob Roemen (6, rue Eich).

Mir verspriechen e faarwegen an ofwiesslungsräichen Owend!

Flyer_Leideleng_v2.indd
Aus hire Smart-Bicher liesen: Julie Vinandy-Schmit („Magnificat“, Smart 5), Alain Atten („D’Kuebennascht“, Smart 6), Yorick Schmit („Paenitentia“, Smart 7), Luc Marteling („iPremier“, Smart 8), Tom Decker („D’Tilly“, Smart 9), Christiane Ehlinger („’t ass d’Liewen!“, Smart 12) an d’Karin Goedert („Maacht mir keen Ouer!“, Smart 16).

D’Christiane Kremer féiert duerch den Owend, fir de musikalesche Kader suergt d’Nadine Diedenhofen um Saxophon.

Den Entrée ass fräi a fir ze drénken ass gesuergt.

Flyer_Leideleng_v2.indd