5 Leit hu gelies, 50 Leit ware komm …

… am Fong souguer nach e puer méi 🙂

Merci fir dee schéine Liesowend zu Kielen.

IMG_8819

Ënnert dem Motto “Mënschen, Matmënschen a Bezéiungen” hunn Linda Graf, Laurence Klopp, Josiane Kartheiser a Jean Back an och nach d’Christiane Kremer gelies – am Kader vum Internationale Fraendag.

Den Yves Popow huet den Owend musikalesch op der Marimba verschéinert!

IMG_8822

An heidrëm goung et:

“Gees de mat?”, freet d’Josiane Kartheiser a hirer Kuerzgeschicht mam nämlechten Titel. Eng éiergäizeg Fra an en emanzipéierte Mann sichen eng Äntwert op d’Fro, ob d’Fra fir hir Bank zu Singapur Carrière maache soll … Ëm komplizéiert Bezéiunge geet et och am Linda Graf hirem Episoderoman “Die Tage, die Dinge”, an deem sämtlech Geschichten a Figuren op déi eng oder aner Manéier matenee verbonne sinn. D’Laurence Klopp stellt “La dame à la mise en plis mauve” vir a presentéiert dora geckeg Personnagen a verréckt Situatiounen – fantastesch Literatur par excellence, déi deemnächst eng Suite kritt! Fantastesch an engem ganz anere Sënn sinn och dem Jean Back seng Protagonisten an “Zalto mortale”, enger Sammlung vun dräi sproochgewaltege Monologen. D’Christiane Kremer féiert duerch de literareschen Owend a liest och selwer aus engem nach net verëffentlechte Manuskript.

IMG_8821

Organisateur war d’Chancëgläichheets- an d’Familljekommissioun vun der Gemeng Kielen zesumme mam Verlag Kremart Edition.