Bicher an der Belle Étoile

Vum 9. bis den 13. Mee ass beim Ernster an der Belle Étoile eng méi lass – do gëtt et dann nämlech allerlee Animatioune ronderëm d’Buch.

Fir Kremart ass d’Christiane Kremer direkt den éischten Dag do, fir den Optakt um Dënschdeg, 9. Mee um 15 Auer. Mat Geschichte vun der “Klenger Prinzessin” vum Tony Ross, mam David McKee sengem “Elmar” an natierlech och mat “Poli & Maisy”, dat si zesumme mam Aline Forçain erausbruecht huet.

Duerno an och déi Deeg drop gëtt et nach e sëlleche flott Rendez-vousen, zum Beispill mam Simone Bleser, mam Sabrina Kauffmann, mam Zog an dem Grüffelo a mat Spiller vun Haba, fir just emol si ze nennen.

Hei de Programm aus dem Belle-Étoile-Magazin:

IMG_9593