Ganz flott Prinzessinne-Liesung zu Lënster

Eng Liesung fir kleng a grouss Prinzessinnen an natierlech och fir Bouwe gouf et de Samschdeg, 29. Abrëll um 10.30 Auer zu Jonglënster an der Lënster Bibliothéik am Centre culturel “Am Duerf” (Rue du Village). D’Christiane Kremer huet do déi geschichte vun der “Klenger Prinzessin” vum Tony Ross, déi si bis elo op Lëtzebuergesch iwwersat huet, virgelies: “Ech wëll net an d’Bett!”, “Mir ass et schlecht!” an “Ech wëll meng Hänn net wäschen!”. An zum Schluss gouf et esouguer nach déi Geschicht, déi eréischt Enn Mee erauskënnt: “Ech maachen dat selwer!”.

20170429_104148 Untitled-1

An et waren net nëmme Prinzessinne lauschtere komm, ma och Prënzen 🙂

20170429_103118 IMG_9536 IMG_9540

 

Am Kader vum 10. Gebuertsdag vun der Lënster Bibliothéik stinn nach zwou Liesungen op – eng mat Déiere-Geschichten an eng mat Elmar-Aventuren 🙂

IMG_9542

Hei de Programm:

Flyer_Kannerliesungen_1 Flyer_Kannerliesungen_2