Si dierfe sech iwwer gratis Elmar-Bicher freeën :-)

Okay, d’Zäit war e bëssi kuerz an et war jo och nach de Kaddo fir Mammendag ze preparéieren … trotzdem hunn e puer Klasse beim Concours fir den Elmar-Dag matgemaach an en Elmar gebastelt. 4 dierfe sech elo iwwer gratis Elmar-Bicher fir déi ganz Klass freeën 🙂

D’Gewënner komme vun Iechternach, Waldbëlleg, Wooltz an Housen:

De Cycle 1 Team 1 vun der “Millermoaler Schull Eechternoach”. Fotoe vum Jaime Baiao:

IMG_1625 IMG_1626

 

D’Klassegrupp C1 vu Waldbëlleg, Klass vum Joëlle Niederweis, huet den Elmar op Tywek gemolt:

IMG_4237

 

De Beschprécoce vun der Villa Mirabella vu Wooltz: Déi 14 Kanner hunn den Elmar aus bal nëmmen Naturmaterial geluecht. Vum Claudine Braun an Andrea Huppertz

IMG_1139

 

IMG_20170523_105410

 

D’Team 2C vun Housen. D’Team schreift eis: “Nodeems mir d’Elmar-Buch gelies hunn, hu mir eis eng flott a lecker Aktivitéit dozou rausgesicht 😉 Mir hu lauter Elmare gebaakt an dékoréiert 😋 Dat hues eis ganz vill Spaass gemaach a se wären och richteg lecker☺.”

IMG_0106 IMG_0099

 

IMG_0096 IMG_0105

 

IMG_0104

 

IMG_0103

 

IMG_0091

 

IMG_0093

 

Mir hoffen, Dir hutt mam Elmar genee esou vill Spaass ewéi mir 🙂

An 2018 gëtt et sécher rëm en “Elmar-Dag”!