MERCI allen Ënnerstëtzer vun der Smart-Serie

Ëmmer un eis gegleeft huet den Nationale Kulturfong! All Buch oder all Jet vu Bicher, ob 2, 3 oder 4, huet de Focuna subventionéiert. Dat huet eis Sécherheet ginn a mir hunn doran eng Unerkennung gesinn an doraus Motivatioun gezaapt.

Ma och privat Sponsoren hunn eis ënnerstëtzt – Drees & Sommer, Luxport, Ost manufaktur, SkyCom, Cogeco, Mim Feitler Immobilière, VANB Home Interior, Coviva, Opti-Vue – an och eng Gemeng, d’Gemeng Kielen, déi déi dräi lescht Bicher ënnerstëtzt huet.

MERCI fir d’Vertrauen. MERCI fir de finanziellen Dopping.

Mir hunn eist Bescht gemaach, datt d’Sue gutt a sënnvoll investéiert goufen.

An deem Sënn: BONNE LECTURE!!!

KIELEN-goes-SMART_verschafft
D’Gemeng Kielen huet déi dräi lescht Smart-Bicher ënnerstëtzt! Op der Foto (v.l.n.r.): De Kielener Buergermeeschter Guy Scholtes, d’Christiane Kremer vu Kremart, de Kielener Conseiller Romain Kockelmann an d’Smart-Auteuren Jackie Messerich (Nummer 19, “Tunnel of Love”), d’Gintare Parulyte (Nummer 18, “Fuck”) an de Jean-Paul Maes (Nummer 20, “Wat geet mech de Bertemes iwwerhaapt un?”). Foto: Carole Deitz