Lëtzebuergesch richteg schreiwe léieren: Cours am LLJ

Vun der Rentrée u gëtt et en Orthographie-Cours am Lënster Lycée, ëmmer donneschdes owes vun 19 bis 21 Auer. De Cours gëtt gehale vum Luc Marteling. Zéng Owenter si virgesinn, also 20 Stonnen am Ganzen. D’Zil ass, duerno Lëtzebuergesch richteg schreiwen ze kënnen. A fir datt keng Hausaufgaben néideg sinn, ginn am Cours vill Exercicer gemaach …

Hei d’Datumer:

1) Donneschdeg, den 21. September
2) Donneschdeg, den 28. September
3) Donneschdeg, de 5. Oktober
4) Donneschdeg, den 12. Oktober
5) Donneschdeg, den 19. Oktober
6) Donneschdeg, den 26. Oktober
7) Donneschdeg, den 9. November
8) Donneschdeg, den 16. November
9) Donneschdeg, den 23. November
10) Donneschdeg, den 30. November

… allkéiers vun 19 bis 21 Auer.

De Cours, deen am Kader vun der “Formation des adultes” vum Educatiounsminjstère gehale gëtt, kascht 60 Euro. Duerno gëtt et och en Zertifikat. Hien huet d’Ofkierzung LA-LB-465.

Renseignementer gëtt et beim “Lënster Lycée Junglinster” (LLJ) um Tel. 27 69 63-1 oder per Mail secretariat@llj.lu. Do kann ee sech och umellen!

Weider Infoen online op http://www.men.public.lu/fr/formation-adultes/

Do kann een och déi aktuell Broschüre mat de Coursen eroflueden: http://www.men.public.lu/fr/actualites/publications/adultes/informations-generales-offre-cours/index.html

Hei den direkten Download-Link fir d’Broschür, an där och den Orthographie-Cours am LLJ dran ass: http://www.men.public.lu/catalogue-publications/adultes/informations-generales-offre-cours/cours-adultes/17-18.pdf

Éducation et Formation des Adultes: Catalogue 2017 – 2018
disponible au MENJE : sfa@men.lu
Date de parution: juillet 2017
Editeur: MENJE / SFA
Nombre de pages: 233
ISBN: 978-99959-1-081-5

Lux-Cours-lm

De Luc Marteling hält de Cours. 2012-2013 huet hien d’Formation continue “Lëtzebuerger Sprooch a Kultur” op der Uni gemaach, ma och a sengem berufflechen Alldag huet hie vill mat der Lëtzebuerger Sprooch ze dinn: Hien ass Journalist a schafft als Chefredakter fir RTL.lu. A senger Fräizäit schreift hie Bicher oder editéiert der, beim Verlag “Kremart Edition” 🙂