Nei, nei, nei, nei, nei, nei!

1 –  2 –  3 – 4 – 5 – 6 – NEI Kannerbicher!!!!

6 witzeg a lëschteg Kannerbicher fir déi ganz Kleng, fir déi e bëssi méi Grouss, fir déi, déi gär molen a fir d’Frënn vum Elmar a vun der klenger Prinzessin …
Dir fannt se dëse Weekend (30.9/01.10.2017) bei eis um Stand an de Rotonden um “Lokale Maart” an an de Librairien.

 

“Am Zoo” 

Dem Beebee säin éischt stofte Buch

Eng Geschicht fir déi ganz, ganz Kleng; e Buch op Textil, fir un de Buggy ze hänken. An enger Këschtchen.

ISBN 978-99959-39-77-9 

Präis: 12 Euro

“Fangerstempelen – Déieren”   

E Buch mat 7 Stempelkëssen, fir mat de Fanger ze molen.  Geschriwwe vum Fiona Watt, illustréiert vum Erica Harrison, iwwersat vum Luc Marteling

ISBN 978-99959-39-76-2

64 Säiten, Präis: 14 Euro    

 

“Däerf ech an deng Lomp luussen?” vum Guido van Genechten, op Lëtzebuergesch iwwersat vum Luc Marteling

D’Maus ass immens virwëtzeg. Iwwerall wëll se eraluussen, souguer an d’Lompe vun hire Frënn. Wat se do net alles entdeckt!

E Buch mat ville Klappen, fir datt d’Kanner propper ginn. En Heedespaass! Fir Kanner vun 2 Joer un.

ISBN 978-99959-39-75-5

Präis: 14,95 Euro

“Wien ass et? Dem Elmar säin neie Frënd”  vum David McKee, op Lëtzebuergesch iwwersat vum Luc Marteling

Den Elmar, dee faarweg karéierten Elefant, huet en neie Frënd, mä déi aner Déiere wëssen net wien et ass. Weess du et?

ISBN 978-99959-39-40-3

12 Säiten, Präis 10 Euro

“Den Elmar an de Super El”  vum David McKee, op Lëtzebuergesch iwwersat vum Luc Marteling

De faarweg karéierten Elefant muss dem Super El hëllefen… Eng nei Aventure fir den Elmar a seng Frënn.

ISBN 978-99959-39-28-1

28 Säiten, Präis 12,95

“Ech wëll d’Luucht un” vum Tony Ross, op Lëtzebuergesch iwwersat vum Christiane Kremer

“Ech fäerte guer net sou vill am Däischteren!”, sot déi kleng Prinzessin. “Ech fäerte méi d’Geeschter.” Mee ginn et dann iwwerhaapt Geeschter?

ISBN 978-99959-39-65-6

28 Säiten, Präis: 12,95 Euro