Smart-Liesung zu Ettelbréck

No der iwweraus gelongener kulinarescher Liesung zu Waasserbëlleg am Centre culturel, organiséiert vun der Musel-sauer Mediathéik, freeë mir eis op e weideren Highlight:

Den Donneschdeg, 19. Oktober ëm 19.30 Auer gëtt et SMART an der Ettelbrécker Bibliothéik (9, Place de la Libération zu Ettelbréck). Da liesen nämlech direkt 5 Smart-Auteuren aus hire klenge Wierker!

Et trieden op: Jemp Schuster mat “13, Waassergaass” (Smart 13), Tullio Forgiarini mat “De Ritter an der Kartongsrüstung” (Smart 15), Karin Goedert mat “Maacht mer keen Ouer” (Smart 16), Gintare Parulyte mat “Fuck” (Smart 18) a Jackie Messerich mat “Tunnel of Love” (Smart 19).

Den Entrée ass fräi!

Weider Infoen um Tel. 26 81 15 32, per Mail op bibliotheik@ettelbruck.lu oder op www.ettel-biblio.lu respektiv kremart.lu.

Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg gëtt et de Sonndeg, 19. November ëm 14 Auer iwwregens nach eng Smart-Liesung 🙂