Buchpräis: “D’Linn Lynn” op der “Shortlist”

E Mëttwoch den Owend gouf d’Shortlist fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2017 presentéiert: An 3 Kategorië goufe jeeweils 5 Bicher zeréckbehalen – an der Kategorie “Kanner- a Jugendbuch” och e Buch, dat bei Kremart Edition erauskomm ass: “D’Linn Lynn” vum Luc Marteling an Tom Schartz. Datt déi minimalistesch Geschicht, déi opulent an Zeen gesat gouf, et op dës Lëscht gepackt huet, freet eis natierlech … a sécher och D’LINN LYNN!

D’Linn Lynn ass iwwregens dat wäisst Buch hei um Dësch mat allen Nominéierten 🙂 Hei weider Infoen!

 

Hei de Pressecommuniqué vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren:

 

Shortlist 2017 – Lëtzebuerger Buchpräis 2017        

De Jury vum Lëtzebuerger Buchpräis 2017, deen aus dem Claude D. Conter (CNL), Julie Conrad (Designerin), Bea Kneip (RTL), Sascha Dahm (Student vun der Universitéit Lëtzebuerg), Isabel Spigarelli (Autorin) an dem Jeanne Tournau-Offermann (d’Musel-Sauer Mediathéik vu Waasserbëlleg) besteet, huet entscheet an op der Shortlist fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2017 stinn: 

 

Kategorie Literatur

Aname, Charles Meder, Op der Lay

Eng Stad ënnert dem Himmel, Gast Groeber, Op der Lay

Page blanche, Gaston Carré, Editions Saint-Paul

Tëscht Kaz a Kueder, Pol Greisch, Editions Guy Binsfeld

Une vérification de l’origine, Tom Nisse, Hydre Editions

 

Kategorie Kanner- a Jugendbuch

D’Linn Lynn, Luc Marteling/Tom Schartz, Kremart

Déi schéinste Mythen op Lëtzebuergesch, Romain Jeblick/Andy Genen, Editions Friederich-Schmit

Kanner, d’Fouer, Falschgeld, Viviane Daman, Editions Phi

Pirat oder Seeräuber sterben nie, Bernd Marcel Gonner, Bicherhaischen

Tel Mo, Roland Meyer, Op der Lay

 

Kategorie Livre thématique/Beaux-livres

Copy Paste, Joe la Pompe, Maison Moderne

I’m not a refugee, Maison Moderne

Groussbus, Jemp Schuster, Haartnol

Johann der Blinde & Karl IV, Marc Thill/Dan Schank, Editions Saint-Paul

Le pays des 3 frontières, Philippe Stachowski, Editions Klopp

 

De Jury hat d’Aufgab eng Shortlist vu je fënnef Bicher aus de Kategorien “Kanner- a Jugendliteratur” (13 agereechte Bicher), “Belletristik“ (24 agereechte Bicher) an “Thematescht Buch” (12 agereechte Bicher) ze erstellen. Opgrond vun der thematescher a genrespezifescher Diversitéit ënnerhalb vun de Kategorien oder der Qualitéit ass dës Wiel de Membere vum Jury deelweis schwéiergefall, wat d’Freed un der Diskussioun nach méi grouss gemaach huet. De Jury wënscht de Bicher eng grouss Unzuel u Lieser an interessant Gespréicher am Virfeld vun der Präisiwwerreechung vun de Walfer Bicherdeeg an duerno. De Jury wäert niewt de Präisser an den dräi Kategorien och nach en Design-Präis an e Coup de Coeur verginn.