Elmar, Prinzessin, Plooschter, Lynn …

Liesung fir Kanner den Donneschdeg, 21. Dezember zu Jonglënster.

Gelies ginn deen Dag um 16.15 Auer ë.a. “Déi kleng Prinzessin: Ech wëll d’Luucht un”, “D’Sich vum Pappa Séipäerdchen” an “Blosen, tréischten, Plooschter drop”.

Um 17 Auer dann nach “Den Elmar an de Super El”, “Den Elmar am Schnéi”, “D’Geschicht vun der Faarfdrëps an der Schnéiflack” an “D’Linn Lynn”.

D’Liesung ass zu Jonglënster an der Lënster Bibliothéik am Centre culturel “am Duerf” (8, Rue du Village). Den Entrée ass fräi an d’Bicher kritt een deen Dag och op der Plaz ze kafen. Et liesen: Christiane Kremer a Luc Marteling.

PS: A wann Dir nach e Kaddo fir Grousser sicht, da wier dat hei vläit eng Iddi 😉