Alain Atten mat “Alle véierzéin” an der Brasserie “Um Dierfgen”

E Freideg den Owend, 23. Mäerz 2018 huet den Alain Atten an der Stad gelies. Organiséiert gouf d’Liesung vun der Confrérie Saint-Michel.

“Alle véierzéin” heescht jo dat neiste Buch vum Sprochmates. Den Alain Atten hëlt de Lieser dora mat op eng Rees duerch Zäit a Raum a gläichzäiteg och mat op eng linguistesch Excursioun: D’Geschicht vum Nickela alias Colinot, deen op der Buerg zu Bäerbrech déi 14 Nouthelfer schnëtzt, drift iwwerem Schaffen ëmmer nees of an dreemt vun der Vergaangenheet, vu senger Zäit am Lottréngeschen a wéi e vun der Meuse iwwert d’Musel bis op Bäerbuerg komm ass … Erzielt gëtt dee Wee vum Alain Atten an der lokaler Mondaart, an der Miseler Sprooch!

An dëser Story spillt och d’Jeanne d’Arc eng Roll spillt. Ob d’Leit elo wéinst hir oder wéinst dem Alain Atten oder wéinst der Choucroute komm sinn – egal: D’Brasserie “Um Dierfgen” (6, Côte d’Eich) war gutt gefëllt!

 

 

 

MERI u jiddereen, deen do war!

 

“Alle véierzéin” spillt am Joer 1436:

Den Nickela op der Bäerbrecher Buerg dreemt sech hannescht an déi Zäit, wou en nach de Colinot war. Iwwerdeems en déi véierzéng Nouthelfer schnëppelt, kommen em d’Kandsdeeg op der Meuse erëm. Wéi en am 100-järege Krich hondkrank zu Neufchâteau am Schapp trëllt, rennt en op eemol am Féiwer zur Paart aus a bleift op der Landstrooss leien. Eng lëtzebuergesch Kréimerkoppel reeft en op, hëlt e mat op Toul a vun do op engem Muselnaache bis op d’Bëlleger Spatz an heem op Bäerbrech (Bäerbuerg). Ma déi zwee Kréimerleit drénke sech dout aus zwéi Pätt Viz an hie soll se vergëft hunn. E Gléck, datt d’Schlassfra fir e biergt. Si kritt e fräi a léisst en d’Tuerwuecht maachen. Iwwert der Schnëtzelaarbecht fir en Hellegenaltor fënnt en eraus, wien em un d’Liewe wëllt. Déi Helleg alle véierzéng pake mat un …

Den Alain Atten huet ewell 3 Bicher bei Kremart Edition erausbruecht: “Max a Miz” (also “Max und Moritz” vum Wilhelm Busch op Lëtzebuergesch, mat den Original-Zeechnungen an enger CD, op där den Alain Atten selwer liest), “D’Kuebennascht” (e gedreemte Krimi an der Smart-Serie, Nummer 6) an eben “Alle véierzéin”, wat dat 6. Buch an der Kanephora-Rei ass.

An déi 6 Kanephora-Bicher, déi bis elo erauskomm sinn, gëtt et och an engem SET fir den HALLWE PRÄIS!!!