Alain Atten @ LiteraTour

E Méindeg, 23. Abrëll um 20 Auer huet de Sproochmates am Café littéraire aus “Alle véierzéin” gelies.

“Alle véierzéin” heescht dem Alain Atten seng nei Novell, déi vum Luana Maggipinto illustréiert gouf a fir déi den Tom Poull d’Fotoe gemaach huet. De Layout ass vum Tom Schartz vu Presss. “Alle véierzéin” ass de sechste Band an der Serie “Kremart Kanephora”, der neier Bibliothéik vu Kremart Editioun, an deen éischten an enger Lëtzebuerger Mondaart, nämlech an der Miseler Sprooch!

Wat d’Jeanne d’Arc zu Bäerbrech (Bäerbuerg) mécht, dat weess seng Frëndin um Schlass an nach een, deen am Gaang ass, den Altor vun de véierzéin Nouthelfer ze schnëppelen. De Sproochmates kiert all d’Spläiteren zesummen, déi dobäi ewechfueren. Seng Zäitrees geet vun der Meuse bis op d’Musel (1425-1436). Si bleift an der Sprooch vun der Géigend: Déi Novell hei vum Alain Atten huet Miseler Sprooch!