Direkt 3 nei Kannerbicher am September!

Léif Lieser,

freet Iech op vill nei Bicher am Hierscht!

Mir starten am September mat direkt 3 neie Geschichte fir Kanner:

  • Lassgeet et mat enger weiderer Aventure vum David McKee sengem faarwegen Elefant Elmar: “Den Elmar an de Reebou” heescht et déi Kéier. Virgestallt gëtt d’Geschicht bei enger Liesmatinée den 23. September am Aquatower! (ISBN 978-99959-39-87-8, 12,95 €)
  • Potti-Musek heescht dat zweet Buch, dat zimlech geckeg ass an dem Kapp vun engem ganz bekannte Kannerbuchauteur an -zeechner aus der Belsch, dem Guido van Genechten, entsprongen ass. Mat, jo, jo, richtege Geräischer … vum Potti! Dat mécht Spaass, ma haalt Iech d’Nues zou … (ISBN 978-99959-39-82-3, 20 €)
  • An zum Ofschloss vum Ufank: De Retour vun “D’Buch mam Zuch”! D’Nofro war einfach ze grouss, dofir hu mir elo eng zweet Oplo realiséiert. Also: Maacht Iech bäi, déi éischt goung wéi Zitz! (ISBN 978-99959-39-30-4, 24,50 €)

Mir hoffen, do ass eppes fir Iech derbäi …

Ufank Oktober presentéiere mir dann: “So mol, Lobo!” vum Christiane Kremer.