Mat neie Kannerbicher um lokale Maart an de Rotonden

Dir wëllt de Lobo kenneléieren?

Dir wëllt erausfannen, wat Potti-Musek ass?

Dir wëllt d’Neioplo vum Buch mam Zuch entdecken?

An dir wëllt gewuer ginn, wéi den Elmar de Reebou rett?

Da kommt op DE LOKALE MAART dëse Weekend an de Rotonden zu Bouneweg, bei der Stater Gare.

Mir sinn e Samschdeg an e Sonndeg vun 10 bis 18 Auer fir Iech do.

A mir freeën eis op Äre Besuch!

D’Entrée ass iwwregens gratis an et gëtt vill ze entdecken – garantéiert!