Visibilitéit fir déi nei lëtzebuergesch Bicher

D’Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren huet eng Aktioun gestart fir d’Rentrée littéraire 2018. Et geet drëm, zesumme mat de Librairien déi neiste lëtzebuergesch Bicher e bëssen an d’Vitrinn ze stellen:

E Poster mécht dofir op si opmierksam an zwar onofhängeg dovun, ob et sech ëm e litterarescht Wierk, e Buch fir Kanner oder e Sachbuch handelt. Ënnert anerem an alle gudde Bicherbutteker dierft de Poster ze fanne sinn.

Virun de Walfer Bicherdeeg, wann traditionell ganz vill nei Bicher erausbruecht ginn, soll eng zweet Versioun vum Poster opgehaange ginn. An de Librairië soll et dann och ëmmer op d’mannst e Choix vun deenen neie Publikatioune ginn.

Bis d’Enn vum Joer sollen dann och eng ganz Rëtsch vu Liesungen organiséiert ginn, op verschiddene Plazen.