Kremart @ Top Kids an Top Baby an der Luxexpo

Wéi ewell déi Jore virdru si mir och dëst Joer nees um Salon fir Kanner, “Top Kids”, a fir Bëbeeën, “Top Baby”, an der Luxexpo The Box. Rendez-vous de 27. an 28. Oktober, also den éischte Weekend vun der Allerhellege-Vakanz. Samschdes a sonndes vun 10 bis 18 Auer!

Dir fannt eis wéi gewinnt am CORNER CRÉATIF, bei der Bobbycar-Bunn!

Kommt laanscht kucken, wat fir flott Kannerbicher et op Lëtzebuergesch gëtt. Mir hu vill flott Nouveautéiten derbäi: vum Elmar bis bei déi Kleng Prinzessin, vum “Buch mam Zuch” bis Potti-Musik, vu “So mol, Lobo!” bis “Wann ech grouss sinn …”.