Liesung zu Lënster: Fir Erwuessener!

Fotoen, Hawaii, Wëllef an zwou Libesgeschichten: Liesung den Donneschdeg, 22. November ëm 19.30 Auer am Centre culturel “Am Duerf” zu Jonglënster.

Presentéiert gi Kuerzgeschichten aus der bekannter Serie SMART:

  • Christiane Kremer: De Wierdermoler
  • Jackie Messerich: Tunnel of Love

An aus der neier Serie TIMBA:

  • Marc Wilwert: De groe Star
  • Jérôme Netgen: D’Wolleken iwwer Hawaii
  • Luc Marteling: Den nationale Wollef

D’Liesunge sinn op Lëtzebuergesch, den Entrée ass gratis a fir ze drénken ass gesuergt.

Freet Iech op e gemittlechen Owend organiséiert vun der Lënster Bibliothéik a vu Kremart Edition.