Liesung zu Lënster: Fir Kanner!

Déi kleng Prinzessin, dee faarwegen Elefant an de Lobo, deen net méi schwätze wollt: Liesung fir Kanner de Samschdeg, 24. November um 11 Auer an der Lënster Bibliothéik am Centre culturel “Am Duerf” zu Jonglënster.

 

Presentéiert ginn déi nei Geschicht vum Christiane Kremer “So mol, Lobo!” an nei Aventurë vun der Klenger Prinzessin. Ausserdeem nach eng Geschicht vum faarweg karéierten Elefant Elmar.

Fir Kanner vu 4 bis 7 Joer ongeféier.

D’Liesunge sinn op Lëtzebuergesch an den Entrée ass gratis.

 

Organisatioun: Lënster Bibliothéik a Kremart Edition.