De LOBO, d’LAND a 5 LIESUNGEN

De Lobo huet ëmmer Froen. Mä keen huet Zäit, fir him eng Äntwert ze ginn. „Wa kee mer nolauschtert, da muss ech och net méi schwätzen“, denkt hien an hält einfach de Mond. Bis e seng nei Nopesch Lola kenneléiert.

So mol, Lobo!“ ass eng Geschicht iwwer d’Schwätzen. An doriwwer, wéi wichteg et ass, mateneen ze schwätzen a sech eppes ze soen.

An d’Autorin schwätzt direkt 5 Mol iwwer hiert neist Kannerbuch, dat fir Gespréich suergt …

Hei den Iwwerbléck iwwer d’Liesungen:

1) Sonndeg, 18. November ëm 14 Auer zu Walfer am Kader vun de Walfer Bicherdeeg (Hall 3)

2) Samschdeg, 24. November ëm 11 Auer zu Jonglënster an der Lënster Bibliothéik am Centre culturel “Am Duerf”

3) Sonndeg, 25. November ëm 16.30 Auer zu Mamer am Kinneksbond am Kader vum “Marché du livre pour enfants”

4) Samschdeg, 8. Dezember ëm 16 Auer zu Péiteng op der “Journée du Livre” organiséiert vun der Asbl. “Et war emol”

5) Samschdeg, 26. Januar zu Diddeleng am “Centre culturel régional opderschmelz” op der 10. Editioun vum Kannerbicherdag

An da freeë mir eis natierlech iwwer déi wonnerbar Zeile vum Josée Hansen am Lëtzebuerger Land:

Kommt laanscht – luussen, lauschteren … a schwätzen!