Den hellegen Niklos kënnt direkt e puer Mol zu Éieren

Gëtt et méi eng schéin Zäit wéi déi, an där de Kleesche kënnt? A wie wëll dee léiwe Personnage net virgestallt kréien?

Déi Méiglechkeet gëtt direkt e puer Mol:

– Den Donneschdeg, 29. November liest d’Christine Marx um 14.45 Auer an der Stad an der ErwuesseBildung (Centre Convict).

– De Samschdeg, 8. Dezember liest si och nach eemol zu Waasserbëlleg an der Musel-Sauer Mediathéik.

D’Christine Marx huet e Buch iwwert de legendären Zinniklos vum Pater Anselm Grün op Lëtzebuergesch iwwersat: “D’Legend vum hellegen Niklos” ass bei Kremart Edition erauskomm, erzielt déi antik Legenden, déi et vum historesche Personnage gëtt, geet awer och op déi méi rezent an déi méi lokal Geschicht vum Kleeschen an. D’Buch ass 2017 erauskomm an hat direkt e formidable Succès!

 

–  Den Donneschdeg, 29. November liest de Luc Marteling ëm 17 Auer zu Maacher am Päiperleksgaart an och hie wäert – aus guddem Grond – op de Kleeschen agoen …

 

Hei drënner weider Infoen iwwer d’Liesung vum Christiane Marx-Heck an der ErwuesseBildung:

Ze fannen an der Broschür mam Programm vum Europäesche Joer vum kulturelle Patrimoine: