Smart & Timba @ Bazar International @ Luxexpo

De Samschdeg, 8. an de Sonndeg, 9. Dezember ass nees den Internationale Bazar an de Foireshalen um Kierchbierg.

Kremart ass och do, awer just indirekt: An zwar verkeeft de LIONS CLUB GLASBUREN déi kleng Smart- an Timba-Bicher … mat engem gudden Deel fir de gudden Zweck!

Kremart ënnerstëtzt de Lions Club Glasburen schonn zanter e puer Joren an appreciéiert den Engagement vun an d’Kollaboratioun mat de Léiwen – an ass bis elo nach all Joers frou gewiescht iwwer de Feedback, deen déi kleng Bichelcher um Bazar International fonnt hunn.

De Lions Club Glasburen ass an der Hal 3 um Stand A03 an huet eng ganz breet gefächert Offer. Avis aux amateurs!

 

E Freideg gouf an der Luxexpo opgeriicht … fir datt fir de Weekend alles prett ass!