Lëtzebuergesch richteg schreiwe léieren: Orthographie-Cours zu Schengen

Ass et Wahlen oder Walen? Gëtt gepräägt wierklech esou geschriwwen? Kritt Ausnam keen h? A Fön och net méi? Firwat huet Giischtjen e j a Kleeschen ch? A wat ass genee den Ënnerscheed tëscht mécht a mëscht?

Wann zu Ären Neijoerschvirsätz gehéiert, endlech ze léieren, wéi ee richteg Lëtzebuergesch schreift, oder wann Dir schonn ëmmer dovu gedreemt hutt, dann hu mir hei genee dat Richtegt fir Iech:

e Lëtzebuergesch-Cours mam Luc Marteling an der Gemeng Schengen, de Cours selwer ass zu Rëmerschen.

An 8 Owenter bréngt eis de Journalist, Editeur, Auteur bäi, wéi ee richteg Lëtzebuergesch schreift. Erkläert ginn déi wichtegst Reegelen, geüübt gi si mat e sëllechen Exercicer – interaktiv a multimedial, well Orthographie dierf och e
bësse Spaass maachen!

Gënnt Iech dee Luxus: Dat éiergäizegt Zil ass, no de 16 Stonne Lëtzebuergesch richteg schreiwen ze kënnen.

De 15. Januar 2019 geet et lass, ëmmer dënschdes vun 19.30 bis 21.30 Auer.
Dee leschte Cours ass den 12. Mäerz, well an der Fueswoch ass keen Unterrecht.

D’Participatioun um Orthographie-Cours am Gemengesall (75, Wäistrooss, L-5440 Rëmerschen) kascht 50 Euro. Viraussetzung ass just, datt een ewell Lëtzebuergesch schwätze kann. Informatioun an Umeldung um Tel. 691 65 76 17 oder per Mail op reservation@schengen.lu.

Organisatioun: Kulturkommissioun Gemeng Schengen