Kremart @ Kannerbicherdag: Mat Liesung an neie Bicher!

ET WAR TOPP – MERCI! 🙂

– – – –

E Samschdeg, 26. Januar ass et nees esou wäit: Zu Diddeleng am Kulturzenter opderschmelz dréit sech dann nees alles ëm Kannerbicher, well dann ass do de Kannerbicherdag 2019 mat Liesungen, Atelieren, Stänn …

Vill Verlage sinn um Rendez-vous a Kremart Edition ass mat vill Freed och nees derbäi!

Am Gepäck hu mer zwee ganz nei Bicher, “Nach eng kleng Geschicht … an da séier an d’Bett!” an “Dee klenge Bier brauch e Brëll“, an eng Liesung: D’Christiane Kremer liest um 11.30 Auer aus hirem neie Kannerbuch “So mol, Lobo” – eng Geschicht, déi fir Gespréich suergt.

Hoffentlech gesi mir eis zu Diddeleng, mir freeën eis! Den Entrée ass iwwregens fräi …