Donneschdeg, 25. Abrëll: Den Alain Atten liest zu Mäertert

Den Alain Atten liest aus „Alle véierzéin“ an aus „Déisäit dem Schiet“ an zwar en Donneschdeg, 25. Abrëll um 19.30 Auer zu Mäertert am Centre culturel an der Rue du Parc.

De Sproochmates hëlt Iech mat an eng Rees duerch Zäit a Raum: A senger Novell „Alle véierzéien“ geet seng Zäitrees an d’15. Joerhonnert a féiert vun der Meuse bis op d’Musel. Si spillt an iser Géigend! A bleift dofir an der Sprooch vun der Géigend, sou nee wéi ee se ze pake kritt.

An „Déisäit dem Schiet“, engem Buch, dat eréischt am Hierscht bei Kremart Edition erauskënnt, geet et op Esch am Lach: D’Geschicht spillt déisäit der Sauer, awer och déisäit dem Pull, et geet also och iwwer den Atlantik. Zu Mäertert gëtt et eng éischt kleng Avant-première!

Iwwer „Alle véierzéin“

1436 – Den Nickela op der Bäerbrecher Buerg dreemt sech hannescht an déi Zäit, wou en nach de Colinot war. Iwwerdeems en déi véierzéin Nouthelfer schnëppelt, kommen em d’Kandsdeeg op der Meuse erëm.

Wéi en am 100-järege Krich hondkrank zu Neufchâteau am Schapp trëllt, rennt en op eemol am Féiwer zur Paart aus a bleift op der Landstrooss leien. Eng lëtzebuergesch Kréimerkoppel reeft en op, hëlt e mat op Toul a vun do op engem Muselnaache bis op d’Bëlleger Spatz an heem op Bäerbrech (Berbuerg).

Ma déi zwee Kréimerleit drénke sech dout aus zwéi Pätt Viz an hie soll se vergëft hunn. E Gléck, datt d’Schlassfra fir e biergt. Si kritt e fräi a léisst en d’Tuerwuecht maachen. Iwwert der Schnëtzelaarbecht fir en Hellegenaltor fënnt en eraus, wien em un d’Liewe wëllt. Déi Helleg alle véierzéng pake mat un …

D’Novell „Alle véierzéin“ ass erauskomm an der Rei Kremart Kanephora, der neier Bibliothéik vu Kremart Edition. Si huet Miseler Sprooch a gouf illustréiert vum Luana Maggipinto. D’Fotoe vum Altor vun den Nouthelfer aus der Buddeler Kierch si vum Tom Poull.

Iwwer den Alain Atten

De landbekannte Sproochmates, Joergang 1938, ass zu Wëlwerwolz an Esch-am-Lach opgewuess. De Kolléisch huet en zu Dikrech an an der Stad gemaach. Den Historiker a Germanist (Mag. phil. vun der Uni Tréier) huet vun 1963 bis 2003 als Archivist am Nationalarchiv geschafft. Bis haut ass en als Radio-Tëlee-Reporter aktiv (Radiosdictionnaire, Sproochmates, Dokumentatiounen). Vun 1962 bis 1977 huet en um Lëtzebuerger Dictionnaire matgeschafft an en huet germanistesch a romanistesch Aarbechte verfaasst (Yolande vu Veianen, wallounesch Grenzdialekter).

Eng ganz Rëtsch vu senge Radiosbäiträg iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch goufen 2010 an 2013 publizéiert (De Sproochmates I an II, mat engem Sproochatlas). Aus dem Joer 1992 staamt säi Lyrikband Néierewou. Dernieft huet e vill lëtzebuergesch Theaterstécker (z.B. d’Jonggesellekëscht) geschriwwen, souwäit méiglech och gär an der lokaler Mondaart (Käercher Buergspiller 1962-64, Éisleker Fräiliichtspiller: Clierf 1965, Wäiswampech 1998).

Am léifste beschäftegt sech den Alain Atten mat geschichtlechen Themen.