23. Abrëll zu Beetebuerg: En Owend fir de Josy Braun

„Queesch derduerch“ heescht den Owend fir de Josy Braun, de Journalist, Kabarettist, Linguist, Schrëftsteller an och Beetebuerger.

Um Dag vum Buch, den 23. Abrëll gëtt um 20 Auer zu Beetebuerg am Kader vun der LiteraTour am Literatur-Café un hien erënnert.

De Josy Braun (1938-2012) war ee vun de villsäitegste Lëtzebuerger Auteuren an huet e räicht Wierk hannerlooss: Romaner, Kannerbicher, Theaterstécker, Cabaretsprogrammer, Gedichter an Héierspiller.

Wéi aktuell vill vu senge Schrëften haut nach ëmmer sinn, weist e literareschen Owend mat Lidder an Texter, Erënnerungen an Erzielungen.

Mat: Monique Melsen, Josée Klincker, Christiane Kremer, Roland Gelhausen a Gérard Bintener.

Deen Owend gëtt och eng nach net verëffentlecht Kuerzgeschicht vum Josy Braun virgestallt: “Zwéi Meter virun der, Martin!” mécht den Optakt vun der neier Kremart Serie BUCKTUGOU, déi mini Texter presentéiert, déi ee gemittlech bei enger Taass Kaffi oder enger Taass Schocki genéisse kann …