12. Mee: Kremart um Lëtzebuerger Dag zu Sandweiler

Dëse Sonndeg, 12. Mee tëscht 11 an 18 Auer dréit sech zu Sandweiler am Centre culturel allem ëm d’Lëtzebuerger Kulturallerlee, Konscht, Musik, Literatur, Handwierk, Molerei, Iesskultur, Produiten an esou weider.

Organiséiert gëtt dëse Lëtzebuerger Dag vun der Kulturkommissioun vun der Gemeng Sandweiler.

Fir Animatioun ass gesuergt a fir z’iessen an ze drénken och …