1. Prix des lycéens luxembourgeois fir “brèves [re]trouvailles”

“And the winner is …”: Deen éischte “Prix des lycéens luxembourgeois” (qui couronne un récit sorti au Grand-Duché en 2017/18) ass fir d’Laurence Klopp fir “brèves [re]trouvailles”!

 

Um Enn huet eng Stëmm den Ënnerscheed gemaach: 6 waren der fir d’Laurence Klopp a 5 fir de Rafael David Kohn mat “Che Guevara war ein Mörder” (Hydre éditions).

 

Iwwerreecht gëtt de Präis de Samschdeg, 18. Mee um 11 Auer an der Librairie Alinea an der Stad.

Domat kruten déi zwee Recueile vu Kuerzgeschichten, déi d’Laurence Klopp bei Kremart publizéiert huet, e Präis: “La dame à la mise en plis mauve” de Lëtzebuerger Buchpräis a “brèves [re]trouvailles” elo de Prix des lycéens. Felicitatioun, mir freeën eis mat!

Béid Bicher sinn iwwregens nach ze kréien, fir dee “franséische” Präis vu 17,89 Euro.

Bonne lecture !

brèves [re]trouvailles
Texte : Laurence Klopp
Illustrations : Diane Jodes
Graphisme : Tom Schartz
ISBN 978-99959-39-37-3
96 pages, Prix : 17,89 €

La dame à la mise en plis mauve
Texte : Laurence Klopp
Illustrations : Natacha Paschal
Graphisme : Natacha Paschal et Sacha Heck
ISBN 978-99959-830-6-2
88 pages, 17,89 euros