22. September: “Literatuerm” – Liesmatinée fir Kanner

E Sonndeg de Moien, 22. September gëtt et vun 10.30 Auer un eng Lies-Matinée 50 Meter iwwert dem Buedem – fir Kanner vun 3 bis 8 Joer. Um Programm:
– “Vill Gléck fir däi Gebuertsdag, Elmar!“, den Elmar kritt 30 Joer an dat gëtt mat enger neier Geschicht gefeiert!

– Eng weider Story vum faarweg karéierten Elefant gëtt gelies: „Den Elmar an dee Friemen”, wou en neit Déier opdaucht, wat direkt an d’Häerzer vun de Kanner spréngt! Wéi all Elmar-Geschicht gouf och dës vum Luc Marteling iwwersat.

Ausserdeem gëtt nach gelies:

– “De Kuakerino”, e ganz neit Buch iwwer e Fräsch, deen danze wëll!
– 1 Geschicht vun der klenger Prinzessin: “Ech wëll d’Luucht un! “, eng genial Pointe, am Original vum Tony Roos, vum Christiane Kremer op Lëtzebuergesch iwwersat.

Entrée: 5,50 Euro pro Persoun. Doran abegraff: Montée op de Waassertuerm, eng Taass Kaffi/Téi oder e Glas Jus an e Croissant.

D’Umeldung ass obligatoresch via: aquatower@berdorf.lu
D’Bicher vu Kremart Edition ginn et op der Plaz ze kafen.