Léiwe Kleeschen, kulturelle Kleeschen!

Den „Niklosdag“ ass den 29. Juli 2019 op den nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg geholl ginn.

Felicitatioun deenen, déi dat initiéiert hunn! Weider Infoen op IKI.lu.

Mam Kleeschen ass och Kremart frou, wéi eist Buch iwwer dee legendäre Personnage beweist! De bekannten däitsche Pater Anselm Grün geet a sengem Buch flott a lieweg op déi Legenden an, déi vum hellegen Niklos erzielt ginn: d’Geschicht vun den dräi Goldstécker, d’Kärewonner vu Myra, d’Rettung vun de Matrousen a vun engem Jong, deen, esou gouf geduecht, erdronk war. Illustréiert ginn déi eenzel Episode vum renomméierten italieneschen Zeechner Giuliano Ferri.

D’Christine Marx-Heck huet d’Buch aus dem däitschen Herder-Verlag iwwersat. De Luc Marteling huet nach 6 Säiten iwwer de Kleeschen zu Lëtzebuerg dru gehaang.