PREVIEW: Wann ech e Buch wier

D’Ettelbrécker Bibliothéik huet am Kader vun hirem 10. Gebuertsdag d’Initiativ geholl, d’Buch „Se Eu Fosse Um Livro“ vum Jorge Letria an André Letria zesumme mat Kremart Edition op Lëtzebuergesch erauszebréngen.

Am Buch “Wann ech e Buch wier” ass och dee portugiseschen Originaltext dran. Et ass en Hommage un d’Magie vum Buch: poetesch a voller Fantasie. Den André Letria huet déi prägnant Texter vu sengem Papp José Jorge Letria illustréiert – eng Freed fir jiddereen, dee frou mat Bicher ass.

Am Oktober gëtt d’Buch offiziell virgestallt, hei schonn e klenge Virgeschmaach: