“Poli & Maisy” am “natur musée”

De Samschdeg, 12. Oktober liest d’Christiane Kremer am “natur musée” an dat direkt zweemol: Vun 18h00 bis 18h30 a vun 19h30 bis 20h00 kommen “De Poli an d’Maisy” zu Éieren. An där Geschicht geet et ëm déi aussergewéinlech Frëndschaft tëscht engem Villchen an enger Flantermaus.

D’Liesunge fir Kanner sinn am Kader vun der Nuit des Musées.

Méi Infoen iwwer d’Nuit des Musées hei.