Deen neien “Alain Atten” ass do

Den 22. Oktober 2019 war et esou wäit: Zu Biekerech “An der Millen” gouf déi nei Novell vum Alain Atten virgestallt.

“Déi Säit dem Scheet” heescht d’Geschicht vum Sproochmates, déi am 17. Joerhonnert an am Norde vu Lëtzebuerg spillt, ënnert anerem. Dofir gouf si och an e sëllege lokale Mondaarte geschriwwen.

“Déi Säit dem Scheet” ass e literareschen an e linguistesche Pleséier!

Op eise Fotoe poséiert den Auteur mat der Lektorin Myriam Welschbillig an der Zeechnerin Luana Maggipinto …

… a mam Buergermeeschter vu Biekerech, Thierry Lagoda.

Weider Infoen iwwer d’Buch Nummer 8 aus der Kremart-Kanephora-Rei gëtt et hei.

Déi Säit dem Scheet
Novell

Text: Alain Atten
Illustratiounen: Luana Maggipinto
Fotoen: Luc Marteling
Korrektur: Myriam Welschbillig
Layout: Tom Schartz – Presss sàrl

ISBN 978-99959-39-48-9
161 Säiten, 19,95 Euro