A genee zwee Méint: Den Dag vum Buch

Den 23. Abrëll gëtt all Joers un d’Buch erënnert an un d’Droit-auteuren. Zu Lëtzebuerg ginn d'”Journées du livre et du droit d’auteur” dëst Joer tëscht dem 20. an dem 26. Abrëll organiséiert.

Wie fir den 23. Abrëll eng Aktivitéit sicht, fir doheem oder an der Schoul, deem sief d’Buch “Wann ech e Buch wier” vum José Jorge Letria (Text) an André Letria (Zeechnungen) recommandéiert. Kremart huet d’Buch aus Portugal 2019 fir den 10. Gebuertsdag vun der Ettelbrécker Bibliothéik zesumme mat der Ettelbrécker Bibliothéik erausbruecht. Et ass e Buch iwwer Bicher an déi domat verbonne Méiglechkeeten a stellt eng perfekt Virlag duer, fir d’Buch op eng flott Aart a Weis ze thematiséieren.

 

D’Buch ass op Lëtzebuergesch, ma de portugiseschen Originaltext ass och dran!

 

Weider Infoen hei.

 

 

Den 23. Abrëll an der Schoul

D’Editioun 2020 vum Dag vum Buch an den Droit-d’auteuren steet – an de Lëtzebuerger Schoulen – ënnert dem Motto “En neien Ufank”. Um Internetsite vum SCRIPT heescht et:

D’Evenement riicht sech un d’Schüler aus dem Enseignement fondamental. Matmaache kann een als Klass, Zyklus oder ganz Schoul. D’Schoulen, déi matmaachen, ginn um Internetsite vun de Journées du livre et du droit d’auteur (www.liesen.lu) an am Courrier de l‘Éducation nationale 04/2020 ernimmt. De SCRIPT offréiert Bicherpräisser un d’Schoulen, déi matmaachen.

Ëm wat geet et?

Schonn dacks an der Geschicht stounge Mënsche viru ganz neien Erausfuerderungen an hu missen en neien Ufank woen, z. B. no de Weltkricher oder no Naturkatastrophen.

Awer och wichteg Erfindungen, technesch Entwécklungen a gesellschaftlech Ännerungen hunn e grousse Wandel mat sech bruecht, esou zum Beispill d’Erfanne vum Buchdrock oder vum Motor, d’Walrecht fir d’Fraen oder och d’Mënscherechtserklärung.

Och a sengem perséinleche Liewe stoung scho bal jiddereen emol, gewollt oder ongewollt, virun engem neien Ufank, sief et op familiärem, schouleschem oder berufflechem Plang.

Eis aktuell Gesellschaft verännert sech ganz séier a verlaangt, datt mir eis un déi Changementer upassen: et geet drëm, wéi mir matenee liewen an ëmginn, wéi mir ënnert anerem an de soziale Medie kommunizéieren, wéi mir eis Ressourcë verdeelen a mat eisem Planéit ëmginn.

Wéi kann ee matmaachen?

D’Responsabel aus der Schoulbibliothéik sinn d‘Kontaktpersoune fir déi Aktioun.
Umeldung (iwwert de Schoulbibliothecaire): mam Onlineformulaire bis den 13. Mäerz 2020.
Kontakt: anne-marie.antony@men.lu / anne.biesdorf@men.lu
Méi Informatiounen iwwert d’Journées du livre et du droit d’auteur fannt Dir am PDF-Dokument.

A wien Iddie brauch, wéi gesot:
WANN ECH E BUCH WIER