Wëllt Dir DE LOBO an aner Geschichte virgelies kréien?

Dat geet um Youtube-Channel vum CNL, dem Nationale Lieraturzenter vu Miersch, deen extra fir d’Zäit vum Corona-Virus, also fir d’Zäit ouni Schoulen, ouni Bibliothéiken, ouni Librairien, ouni ëffentlech Liesungen eng Online-Plattform an d’Liewe geruff huet, fir datt d’Literatur bei d’Leit komme kann – an éischter Linn elo mol bei déi Kleng. Gläichzäiteg wëll d’Initiativ drop opmierksam maachen, datt ee sech lëtzebuergesch Bicher och zu Lëtzebuerg vu Lëtzebuerger Librairien, Verlagen oder dem Onlineshop Letzshop.lu gratis heembestelle kann! Doduerch wëll de Literaturzenter d’Buchbranche ënnerstëtzen.

Antëscht sinn eng ganz Rëtsch Bicher als Virlies-Video um CNL-Channel ze fannen, dorënner och “So mol, Lobo!” vum Christiane Kremer a Vincent Biwer, dat 2019 de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Kannerbicher krut.

RTL-News iwwer den CNL-Channel