Hei eroflueden: De Coronavirus – E Buch fir Kanner

Déi aktuell Situatioun ass esou aussergewéinlech, datt een se de Kanner net dacks genuch kann erklären. Fir datt si se verstinn a besser domat kënnen ëmgoen.

Aus deem Grond huet de klenge Lëtzebuerger Verlag Kremart Edition – am Abrëll 2019 – d’Initiativ vum klengen, onofhängege Londoner Verlag Nosy Crow opgegraff, an säi Kannerbuch iwwer DE CORONAVIRUS op Lëtzebuergesch iwwersat. Et gouf vum Axel Scheffler illustréiert, dat ass iwweregens deen, deen och “De Grüffelo” gezeechent huet (op Lëtzebuergesch erauskomm bei den Editions Guy Binsfeld).

Nosy Crow a Kremart Edition stellen d’Kannerbuch iwwer de Coronavirus digital gratis zur Verfügung an der Hoffnung, datt et de Kanner an den Elteren nëtzlech ka sinn. Et ass e Buch, dat erkläre wëll. Dat Äntwerten op Froe gëtt, déi sech d’Kanner stellen.

 

Buch eroflueden

 

Jiddereen huet benevole matgeschafft an d’Wierk steet ënner der Creative-Commons-Lizenz CC BY-NC-ND „Attribution-NonCommercial-NoDerivatives 4.0“ (also Source nennen, netkommerziell, keng Beaarbechtung). Dir kënnt d’PDF-Fichieren also roueg deelen a benotzen.

Mir wënschen eng gutt Lektüre a BLEIFT GESOND!

P.S.: Dir wëllt de PDF printen an den Drucker huet e Problem domat? Hei eLéisungsvirschléi: Luet de PDF erof a maacht en net am Browser op, mee z. B. am Acrobat Reader. Dann och vum Acrobat aus printen an do och nach “Print as Image” uwielen.

D’Edmée Koch vu Gréiwemaacher huet d’Buch mat der App Book Creator opgeholl: https://read.bookcreator.com/288dJNKGDQCCPH5pYyvS-knuP9dVUixmZQq5fcaVnfU/aiz1g23NQQmHBDZ2CltJbQ

Och op www.schouldoheem.lu ass d’Buch ze fannen: https://schouldoheem.lu/lu/activites/liesverstoen/de-coronavirus-e-buch-fir-kanner

D’Buch ass an e sëllege Sproochen disponibel: https://nosycrow.com/international-language-editions-coronavirus-book-children/

Linken op aner gratis Coronavirus-Publikatioune fannt Dir iwwregens hei op RTL.lu:
https://www.rtl.lu/radio/reportage/s/3088047.html

Buch eroflueden