Kremart-Monsteren op Youtube

Well d’Kanner aktuell net fir eng Liesung an d’Mierscher Lieshaus kënne kommen, huet sech d’Lieshaus eppes ausgeduecht, fir d’Liesung bei d’Kanner ze bréngen: Wann d’Kanner sech e schéine Pillem sichen a sech eleng oder mat den Eltere virun de Computer setzen an de Link heidrënner uklicken, da kënne se eng Online-Liesung genéissen – bal wéi am Lieshaus. A wann eng Kéier net duergeet, da lauschtert d’Geschichte einfach e puer Mol!

D’Cathia Nanquette-Streff liest zwou Monster-Geschichten aus dem Verlag Kremart Edition: “D’Buedwaassa-Monsta” vum Colin Boyd an Tony Ross an “Den Elmar an d’Monster” vum David McKee, béid iwwersat vum Luc Marteling.

Link op Youtube

D’Bicher si beim Verlag selwer scho méi laang vergraff, e puer Exemplairë sinn awer nach bei LORD.lu ze kréien:

D’Buedwaassa-Monsta

Den Elmar an d’Monster

Maacht Iech bäi!