Timba-Liesung zu Stengefort an der Aler Schmelz 30.9.2020

Endlech duerf een nees op literaresch Reese goen! Mir freeën eis Iech erëmzegesinn!!

Den 30. September 2020 liese véier Auteuren aus hiren Timba-Kuerz-Geschichten, déi an de leschte Méint bei Kremart erauskomm sinn, an der Aler Schmelz zu Stengefort, op Invitatioun vun der Gemeng Stengefort. Et muss ee reservéieren 39 93 13- 1 oder mat Mail op jonathan.gomes@steinfort.lu!

De Roland Meyer (Timba 6 “Food Leaks”), d’Josiane Kartheiser (Timba 7 “Dem Jemp seng Uerdnung” & Timba 11 “Déi nächst Etapp”) , d’Fabienne Hollwege (Timba 8 “Lucy Love”) an de Jean Back (Timba 9 “De Schapp beim Wal”).

De Roland Meyer an d’Fabienne Hollwege këmmeren sech och ëm e musikaleschen Encadrement.

Déi recommendéiert COVID-19 Mesüre ginn natierlech respektéiert.

Den Entrée ass gratis!