Kremart Edition: Och 2021 froe mir kee Porto!

De Corona-Virus mam logeschen Appell #bleiftdoheem huet engem 2020 d’Shoppe jo net grad einfach gemaach an 2021 riskéiert, d’Freed un engem onbeschwéierten Akafen och nach e bëssen op sech waarden ze loossen.

Fir awer kee vum Bicherkafen ofzehalen, verschéckt Kremart och nach 2021 déi bestallte Bicher ouni Porto ze froen – esou wéi och e sëllege Librairien et maachen a wéi et och op Letzshop.lu Usus ass.

Op Letzshop.lu kënnt Dir iwweregens och ganz easy d’Bicher vu Kremart bestellen!

Mir freeën eis op Iech!