“Lies a fléi”: De Katalog vun de Kannerbicher

Dir sidd op der Sich no engem Iwwerbléck iwwer sämtlech Kannerbicher, déi zu Lëtzebuerg erauskomm an nach ëmmer ze kréie sinn?

Dann ass de Katalog 2020 “Lies a fléi” genee dat richteg. Op 128 Säite bitt e kuerz Infoe vun de Kannerbicher. Erausbruecht huet en den Educatiounsministère an op deem sengem Internetsite ass en och gratis erofzelueden:

De “Lies a fléi” um Site vum Menje.