DEN ELMAR geet trëppelen … a begéint e Friemen

Ëmmer aktuell sinn déi zwee lescht Elmar-Bicher, déi Kremart presentéiert huet: D’Aventurë vum David McKee sengem faarweg karéierten Elefant hunn einfach eppes Zäitloses! Awer der Rei no:

  • Den Elmar ass op engem klengen Trëppeltour a gesäit an héiert fantastesch Saachen. Mä déi aner Déiere sinn ze beschäftegt, fir stoen ze bleiwen a se mat him ze genéissen. Erënnert dat dech un näischt? Hëls du dir Zäit? A wat entdecks du alles op dem Elmar sengem Trëppeltour?Eng Déieregeschicht als Spigelbild vun eiser gestresster Gesellschaft: fir kleng a grouss Elmar-Fans, déi nees e Bléck fir dat Schéint an dat Not wëlle kréien … an déi vläicht grad elo an der Corona-Zäit méi Zäit an der Natur verbruecht hu wéi virdrun.
  • D’Popularitéit vum Elmar huet sécher och domat ze dinn, datt seng Geschichten dacks e wäertvolle Message transportéieren. Dat ass an der Geschicht „Den Elmar an dee Friemen“ net anescht: Gëtt et en Ënnerscheed tëscht hopsen a sprangen? D’Känguru mengt, do géif et ee ginn, bis den Elmar him seet, datt dat eent grad esou gutt ass wéi dat anert.An dëser Geschicht daucht also en neit Déier am Elmar senger Welt op, eent, dat gären hopst a spréngt – an dat zimlech sécher direkt an d’Häerzer vun de Kanner …

Wéi all déi aner Elmar-Geschichte gouf och dës zwou vum Luc Marteling iwwersat.

David McKee: Den Elmar an dee Friemen
ISBN 978-99959-39-86-1, 12,95 Euro

David MacKee: Den Elmar geet trëppelen
ISBN 978-99959-39-89-2, 30 Säiten, 12,95 Euro

Am Hierscht kënnt eng weider Geschicht vum Elmar eraus!

>>>>> Gratis Elmar-MOLBILLER fir erofzeluede fannt Dir hei.

Den Elmar op Lëtzebuergesch

D’Geschichten hunn all 32 Säiten a kaschten 12,95 Euro. Dës Bicher sinn nach ze kréien:

Den Elmar (ISBN 978-99959-830-7-9)
Den Elmar an dee grousse Vugel (ISBN 978-99959-39-24-3)
Den Elmar an d’Walen (ISBN 978-99959-39-25-0)
Den Elmar an d’Iwwerschwemmung (ISBN 978-99959-39-26-7)
Den Elmar an d’Course (ISBN 978-99959-39-27-4)
Den Elmar an de Super El (ISBN 978-99959-39-28-1)
Den Elmar an de Päiperlek (ISBN 978-99959-39-85-4)   –   GRAD GANZ BELÉIFT!
Den Elmar an de Reebou (ISBN 978-99959-39-87-8)   –   GRAD GANZ BELÉIFT!
Den Elmar an dee Friemen (ISBN 978-99959-39-86-1)
Vill Gléck fir däi Gebuertsdag, Elmar! (ISBN 978-99959-39-88-5)
Den Elmar geet trëppelen (ISBN 978-99959-39-89-2)

Am Hierscht 2021 erschéngt: Den Elmar an de verluerene Schatz.
A vun Dem Elmar säin Orchester (mat Musek) ass eng nei Oplo do!

An da gëtt et nach en extrat Buch, dat d’Form vun engem Elefant huet:
Mäin Elmar (ISBN 978-99959-39-39-7, 10 Säiten a just 12 Euro)

Scho vergraff sinn:
– Den Elmar an d’Schlaang
– Den Elmar am Schnéi
– Den Elmar an d’Monster
– Den Elmar an d’Nilpäerd
– Dem Elmar säin neie Frënd
… awer net traureg sinn, an de Bibliothéike sinn dës Geschichte sécher nach ze fannen an eenzeler gëtt et nach bei LORD.lu!