Geckeg Geschichten, perfekt fir d’Fuesent!

Dir sidd frou mat verréckte Geschichten? A mat kuerze Geschichte virum Schlofegoen? Dann ass dat hei dat perfekt Buch: “Nach eng kleng Geschicht … an da séier an d’Bett!” passt och super an d’Fueszäit.

Well déi turbulent Episoden hunn et a sech: Esou wuel an “En Ausfluch mam Vëlo” an an “D’Ballerinnen” wéi och an “E Stuerm am Bett” geet et driwwer an drënner, d’Meedercher hunn en Heedespaass … an ëmmer soueren se dono, fir nach eng Geschicht virgeslies ze kréien – dat ass nämlech de Kader vum Buch, et heescht net ëm soss: Nach eng kleng Geschicht … an da séier an d’Bett!

Déi mini Texter si vum Marion Gandon, déi geckeg Illustratioune vum Laurent Simon an d’Iwwersetzung op Lëtzebuergesch vum Christiane Kremer.

Marion Gandon a Laurent Simon
Nach eng kleng Geschicht … an da séier an d’Bett!
ISBN 978-99959-39-91-5
80 Säiten, 15 Euro