Méi wéi 33.000 Smart-Bicher verkaaft!

Den Interessi un der Lëtzebuerger Sprooch an un der Lëtzebuerger Literatur ass grouss. Dat ass op d’mannst de Constat, deen een aus de Verkafschiffrë vun der Serie Smart Kremart kann zéien: Vun de klenge faarwege Bichelcher mat allkéiers enger Kuerzgeschicht op Lëtzebuergesch goufen antëschent iwwer 33.000 Exemplairë verkaaft. Scho viru Joren hat den deemolegen Direkter vum CNL, Claude D. Conter, d’Serie als déi erfollegräichst an der Lëtzebuerger Literaturgeschicht bezeechent.

D’Serie, déi 2013 gestart an 2017 ofgeschloss gouf, ëmfaasst 20 Bänn vun 20 verschiddenen Auteuren mat jeeweils 36 Säite fir 2,99 Euro. All eenzel Geschicht gouf elo iwwer dausend Mol verkaaft! Natierlech kritt ee se och als Set mat enger gratis Box (schwaarz oder wäiss) derbäi. An et gëtt se am Coffret mat enger Magnum Fläsch Riesling vu Kox vu Réimech.

Den Nofollger vun der Serie Smart heescht iwweregens Timba – eng Grëtz méi grouss am Format a mat 40 Säiten à 4 Euro. D’Serie Timba kënnt mëttlerweil och schonn op 13 Bänn, am Hierscht gëtt se fortgesat, 24 Bichelcher sinn am Ganze geplangt.

Och bei där Serie ass de Sacha Heck fir de Layout an d’Myriam Welschbillig fir d’Lektorat zoustänneg.

Timba a Smart sinn déi ideal Summerlektür fir ënnerwee.

Natierlech sinn nach sämtlech Bicher vu béide Serien ze kréien – an de Librairen, am Letzshop, op Lord.lu a beim Verlag (www.kremart.lu).