Déi lescht Exemplairë vu “Blosen, tréischten, Plooschter drop”

Dir Dammen an Dir Hären,

vun eisem Bestseller sinn – LEIDER – nach just 50 Exemplairen ze kréien. Mir hunn d’Buch schonn zweemol nogedréckt, mee et ass einfach ze beléift, d’Plooschteren, déi een ëmmer nees ka gebrauchen, kommen ze gutt un …

Dofir: MAACHT IECH BÄI an Ärer Librairie, op Letzshop.lu oder op lord.lu.

Blosen, tréischten, Plooschter drop
Mat fënnef faarwege Spill-Plooschteren
Illustratioun: Henning Löhlein, Text: Bernd Penners, Iwwersetzung: Christiane Kremer
ISBN 978-99959-39-34-2, 16 Säiten, 10 Euro

ZUM GLÉCK hu mer nach zwee aner Bicher mat esou super recyclebare Stickeren: eent mat Brëller an eent mat Kuscheldéieren:
Dee klenge Bier brauch e Brëll: Mat fënnef lëschtege Spill-Brëller
Vum Bernd Penners a Christine Faust
ISBN 978-99959-39-94-6, 14 Säiten, 12 Euro

Kuschel, Kussi a gutt Nuecht: Mat 5 Kuscheldéier-Stickeren
Vum Bernd Penners an Henning Löhlein
ISBN 978-99959-39-83-0, 14 Säiten, 12 Euro