Liesung zu Stengefort – e puer Andréck

Eng Kremart-Liesung mat den Auteure Jean-Paul Maes, Yorick Schmit, Julie Vinandy-Schmit a Christiane Kremer gouf et en Donneschdeg, 21. Abrëll 2022 ëm 20 Auer an der Aler Schmelz zu Stengefort.

Um Programm: Extraiten aus Romaner aus der Serie Kanephora an Extraiten aus der Kuerzgeschichte-Rei Timba.

Den Auteur, Acteur a Regisseur Jean-Paul Maes huet mat “Rehaugen” säin éischte Roman erausbruecht: “Kurz vor ihrer Silberhochzeit, für die sie ein riesiges Fest plant, bemerkt Karin eine Veränderung an ihrem Mann Lucien, die sie nicht zu deuten vermag. Ihre Beziehung droht sogar zu zerbrechen, denn Lucien kann sich nicht länger gegen die Gefühle, die in ihm toben, wehren.”

“De Bicherbus” ass deen éischte Roman vum Christiane Kremer. D’Geschicht spillt am Joer 2013 zu Lëtzebuerg, en onrouegt an turbulent Joer fir d’Land, awer och fir d’Haaptprotagonistin am Roman.

An der Serie Timba sinn ewell 17 Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch erauskomm. Zwee vun den Auteuren hunn aus hire rezente Publikatioune gelies:

Timba 13, “Weeër a Spueren” vum Yorick Schmit: Zesumme mat sengem Bouf Ben hëlt den Erzieler eis mat an de Bësch a stellt eis seng Stammbeem vir.

Timba 14 & 15, “Engelsflilleken” vum Julie Vinandy-Schmit: D’Zoé mécht Gipsofdréck vu Récker. Déi wäiss Schuele veraarbecht hatt op eng ganz kreativ Manéier weider.